Déi japanesch Kiischtebeem op der Réimecher Esplanade goufen en Dënschdeg ëmgehaen. Se wäre krank a géifen deemno e Sécherheetsrisiko duerstellen, esou d'Ponts et chaussées.
Zu Réimech gëtt et duerfir awer wéineg Versteesdemech. Souwuel bei de Bierger wéi och bei de lokale Parteien. An all deene Joren hätt et nach keen Accident mat de Beem ginn.
Ausserdeem wär d'Esplanade grad mat hire Beem eng vun den Haapttouristen-Attraktioune vun der Muselstad. An et wéisst een net, wat elo a Plaz vun de Beem kéim. D'Ponts et chaussées iwwerdeems probéieren d’Réimecher ze berouegen.
"Mir wäerten eis mat de Responsabele vu Gemeng an Environnement zesummesetzen, fir eng adequat Léisung ze sichen. Esou eng adequat Léisung kéint sinn, dass mer zum Beispill Beem a Backen heihi setzen." esou de Ralph Di Marco vun de Ponts et Chaussées.
Wéini d'Esplanade definitiv nei ugeplanzt ka ginn, hänkt mam Projet vum Reamenagement of a soll Enn dës Joers fäerdeg sinn a virleien, soen d'Ponts et chaussées.
Réimech huet zanter e Méindeg keng Post méi am Stadkär, déi ass nämlech geplënnert.
Amplaz dovu gëtt et elo e "point poste" mat besseren Ëffnungszäiten, mä uewen op der Kopp, iwwert ee Kilometer vum Zentrum ewech.
D’Gemeng ass net glécklech iwwert déi Entwécklung, déi dozou géing féieren, datt ëmmer manner Leit op Réimech kéimen, mengt de Buergermeeschter Jacques Sitz.
180 Post-Operatiounen den Dag ginn eleng op enger Tankstell zu Fréiseng gezielt. Fir d'Post ass déi nei Strategie ee Succès. Wéi vill Filialen d'Post um Enn iwwerhaapt nach wëllt halen, wär nach net kloer.
Datt d'Postbüroen als "point poste" op Tankstellen an a Shoppingzentere verluecht ginn, huet och eng Rei Virdeeler fir de Client, sot d’Direktioun vun der Post en Dënschdeg, nodeem et an der Lescht nees vill Kritik gouf, well kleng Postbüroe virun allem am ländleche Raum zougemaach goufen a wäerte ginn. De Marken a Kommunikatiouns Direkter Luc Welter huet erkläert: "Mir hunn haut 113 Point de Venten. Dat sinn der genau esou vill wéi viru 5 Joer, wéi mer ugefaangen hunn, Postbüroen zouzemaachen. Mä mir hunn awer haut 50% méi Ëffnungszäiten an eisem Reseau."
D'Post wëllt sech den neie Besoine vun de Leit upassen. Gratis Parkplazen a laang Ëffnungszäite sinn deemno do méi wichteg, wéi eng Presenz am Duerf.