4 BlesséierterBannent enger Stonn hat et zweemol am Raum Diddeleng gerabbelt

Andy Brücker
Souwuel op der A31, wéi och op der A3 gouf et bei Accidenter um Méindeg den Owend Blesséierter.
© Laurent Weber

Kuerz virun 20 Auer sinn op der A31, tëscht der Diddelenger Grenz an Hettange/Kanfen/Volmerange, zwee Autoen anenee gerannt. Wéi de CGDIS mellt, goufen zwou Persoune verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng.

Genee eng Stonn méi spéit sinn op der A3 nach emol zwee Autoen net laanschtenee komm, déi Kéier op der Héicht Diddeleng. Och hei goufen zwou Persoune verwonnt. Nees waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg gefuerdert. Als Ënnerstëtzung koum déi Kéier nach eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng dobäi.

Back to Top
CIM LOGO