Äntwert op parlamentaresch FroBal 7,9 Milliounen Euro u Kompensatiounsmesuren

Roy Grotz
Bannent de leschten 3 Joer goufen duerch Schantercher a Bauprojeten am Land 13 Hektar protegéiert Biotopen wéi Moueren, Wisen a Bëscher zerstéiert.

An dëser selwechter Period goufe bal 800 Beem wéinst Projete gehaen - Beem, déi an Alleeën oder Gruppe beienee stoungen.

Well d'Promoteuren, mä och de Staat, Gemengen a Privatpersounen awer duerch d'Naturschutzgesetz gehale sinn dës Flächen ze kompenséieren, respektiv eng Taxe de Remboursement ze bezuelen, si bal 7,9 Milliounen Euro beieneekomm - dat fir eng 160 Demanden, déi zanter 2018 un den Ëmweltministère gestallt goufen.

Dës Zuelen nennt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm.

D'Deputéiert wollt och gewuer ginn, fir wéi eng präzis Projeten dann d'geschützt Biotopen zerstéiert goufen, mä d'Carole Dieschbourg äntwert, datt dës Donnéeë wéinst dem Dateschutz net kéinte genannt ginn.

Déi meescht Remboursement-Taxe goufen wärend de leschten 3 Joer fir 62 Projete vun Immobilièren a Promoteure bezuelt. Dat mécht 4,7 Milliounen Euro aus, woubäi d'Moyenne vun der bezuelter Taxe bei 78.000 Euro pro Projet läit.

De Staat huet selwer misste fir 18 Projeten, wou Biotopen zerstéiert goufen, 1,1 Milliounen Euro rembourséieren.

Nieft der Tax kënnen d'eenzel Bauhären awer och "in situ" kompenséieren – also op der Fläch selwer, wou zerstéiert an nees gebaut gëtt. Dëst huet fir déi 160 Projeten eng Zomme vun 1,1 Milliounen ausgemaach. Suen, déi investéiert goufen, well nei Beem oder Hecke geplanzt goufen, respektiv z.B. gréng Diecher amenagéiert goufen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Diane Adehm

Back to Top
CIM LOGO