
Op ee Joer gekuckt sinn et 4.800 Leit méi, déi am Chômage sinn, an den Taux ass ëm 31% geklommen.
Dës Hausse vum Chômage wier doduerch ze erklären, datt duerch d'sanitär Kris am Abrëll vill manner Leit eng nei Aarbecht ugefaangen hunn, net awer, well méi Leit sech bei der Adem ageschriwwen hätten.
Am Abrëll wiere beim Aarbechtsamt 1.796 nei Dossieren opgemaach ginn, wat par Rapport zu 2019 enger Baisse vu 27,1% entsprécht. Gläichzäiteg hätten zejoert 2.512 Dossiere konnte clôturéiert ginn. Am Abrëll vun dësem Joer waren et der allerdéngs just 884.
D’Zuel vu Leit, déi an enger Beschäftegungsmesure sinn, déi ass iwwerdeems op ee Joer gekuckt ëm 12,7% gefall. 3.740 Leit waren am Abrëll nach an esou enger Mesure.
Wärend dem Mount Abrëll goufen 1.895 oppe Plaze bei der Adem gemellt. Op e Joer gekuckt ass dat eng Baisse vun 43,2%.
