Lëtzebuerg op Plaz 49Bal 1/4 vun der Welt-Populatioun lieft a Länner mat extremem Risk vun Dréchent

RTL Lëtzebuerg
A 17 Staate wier ee schonn um Niveau vun der Stonn 0 ukomm, dem Zäitpunkt wou Drénkwaasser carrement guer net méi aus natierleche Quellen ze kréien ass.

De Waasserverbrauch weltwäit huet sech zanter den 1960er Joren verduebelt, an d'Demande klëmmt weider. Waasserkrise sinn ëmmer méi verbreet, an hunn en Impakt op de Mënsch, eis Liewensgrondlagen an och d'Entreprisen weltwäit. Den Institut fir Weltressourcen huet sech mat den neisten Chifferen auserneegesat, an och Lëtzebuerg gëtt do ernimmt.

Waasserverbrauch: De Reportage vum Claudia Kollwelter

17 Länner, an deenen ee véierel vun der Weltpopulatioun lieft, sinn engem extrem héije Risk vu Waasserknappheet ausgesat. Dorënner Israel, den Iran, Saudi-Arabien an Indien. Regiounen an deenen et waarm an dréchen ass, d'Waasserversuergung also schonn niddreg ass fir unzefänken, mä de Faite, datt d'Populatioune wuessen an ëmmer méi gebaut gëtt, dreiwen déi Länner weider an extrem Situatiounen. Da kënnt nach de Klimawandel dobäi. Der Weltbank no wäerten Nordafrika an den Noen Osten an den nächsten 30 Joer déi gréisste wirtschaftlech Verloschter maachen op Grond vun Waassermanktem.

© www.wri.org

Ëmmer méi Länner areechen den Niveau vun der Stonn 0, deem Zäitpunkt wou Drénkwaasser carrement guer net méi aus natierleche Quellen ze kréien ass. Lëtzebuerg läit dem Ranking vum Fuerschungsinstitut WRI no op Plaz 49 vun am ganzen 164 Länner déi analyséiert goufen.

D'Knappheet vu Waasser wier déi gréissten Kris iwwert déi kee schwätze géing, seet de President vum WRI. D'Konsequenze wiere Liewensmëttelkrisen, Konflikter, Migratioun a finanziell Instabilitéiten. Den Institut betount allerdéngs och, datt et eng ganz Partie Méiglechkeeten ginn, fir de Problem an de Grëff ze kréien. An der Landwirtschaft misst een zum Beispill méi effizient mam Waasser ëmgoen. D'Baueren kéinte Som benotzen, dee manner Waasser brauch an hir Bewässerungstechniken verbesseren. Vue datt enorm Quantitéiten Waasser fir eis Liewensmëttel néideg sinn, ass et dann och um Konsument manner ewech ze geheien.

© www.wri.org

Back to Top
CIM LOGO