
Op déi lescht 10 Joer gekuckt, maache Migrante ronn 80 Prozent vun der Croissance vun der Populatioun zu Lëtzebuerg aus. Waren et nom zweete Weltkrich d'Italiener an no hinnen d'Portugisen, esou sinn et haut Leit, déi haaptsächlech aus der Europäescher Unioun kommen. D'Mënschen, déi op Lëtzebuerg liewe kommen, si Jonker am Alter, fir schaffen ze goen, déi och hir gären hir Famill mat- oder nobréngen. 72% hu manner wéi 50 Joer, de Fokus läit um Altersgrupp tëscht 20 a 35. D'Altersmoyenne vun den Immigrante läit bei 30 Joer. D'Auslänner droen deemno massiv derzou bäi, datt d'Lëtzebuerger Populatioun méi jonk gëtt.