
Eng Fra vun 33 Joer hat sech, wéinst op en Neits ze séierem Fueren, ze veräntweren. Si war am Mäerz zejoert op der Escher Autobunn mat 126 Kilometer an der Stonn geblëtzt ginn, do wou u sech just 70 erlaabt war.
Well hiren Affekot Ufank Juni awer Argumenter virbruecht hat, op déi de Vertrieder vum Parquet net direkt äntwere konnt, war d'Affär ausgesat ginn. E Freideg koum si dunn op enger anerer Chamber a mat engem anere Vertrieder vum Parquet nei drun.
Wat déi antëscht "nei" Presidentin vum Geriicht um Ufank vun der Sëtzung bedauerlech fonnt huet. Um Enn vun der Sëtzung sot den „neie“ Vertrieder vum Parquet, hie wéilt den Affekot net enttäuschen, ma dee wär net den Éischten, deen heirop komm wär. Et géif schonn en Urteel vun der Cour de Cassation zu sou engem Fall ginn.
Hei géif den Artikel 139 vum Arrêté grand-ducal iwwert de Code de la route spillen, dee seet, dass d'maximal Vitesse bei engem Schantje bei 70 Kilometer an der Stonn léich. D'Fra wär mat 126km/h vill ze séier gefuer, soudass si ze verurteele wär, an zwar zu enger Geldstrof an zu engem Fuerverbuet vu 6 Méint, mat méiglechem Sursis. Wouropshin de Me Entringer, Affekot vun der Fra, gemengt huet, dass sech do nawell Froe stelle géifen. Et wéisst een nämlech net, ob de Chantier op der Fra hirer Säit war an ob den Trafic net op d'Géigespuer deviéiert gouf. Aus dem Dossier géif dat net ervirgoen, soudass dat net bewisen an den Artikel 139 net z'applizéiere wär. Fir de Vertrieder vum Parquet wär awer net kontestéiert, dass d'Fra an e Chantier eragefuer wär. Dee Moment géif den Artikel 139 duergoen, deen ebe beseet, dass een, soubal e Chantier do ass, mat 70 fuere misst.
Do virdrun hat d'Fra erkläert, dass hiert Handelen net ganz verantwortungsvoll gewiescht wär an et hir wierklech leed doe géif. Hiren Affekot hat iwwerdeems déi selwecht Argumenter virbruecht, wéi am 1. Ulaf vum Prozess, an zwar ënnert anerem dass e Règlement ministériel vum François Bausch vu Januar 2019, fir d'Vitesse op där Plaz ze reduzéieren, illegal war. De Minister hätt net d'Muecht gehat, fir eleng ze handelen, a gewosst, dass säi Reglement net legal wär. Hien hätt nämlech geschriwwen, dass et duerch e Règlement grand-ducal ze confirméiere wär. Soudass seng Mandantin mat 126 gefuer wär, do wou 130 erlaabt war, an deemno keng Infraktioun virgeleeën hätt.
D'Urteel gëtt den 10. Juli gesprach.