Alkohol um SteierAutomobilistin knuppt géint Mauer a bleift op den Zuchschinne stoen

RTL Lëtzebuerg
D'Automobilistin ass beim Accident net blesséiert ginn, mee d'Police huet festgestallt, datt si ze déif an d'Glas gekuckt hat.
Police 2017
Police 2017
© Police

An der Rue de Stavelot am Pafendall ass en Donneschdeg den Owend géint 19.30 Auer eng Automobilistin mat hirem Won géint eng Mauer gerannt. Duerch den Opprall gouf den Auto op d'Zuchschinne geschleidert. Een Alkoholtest ass positiv ausgefall an am Auto vun der Fra gouf e bëssen Cannabis fonnt. Si huet hire Fürerschäi missten ofginn, et gouf ee Protokoll erstallt a si krut ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Den Auto huet misste vun de Schinne geraumt ginn.

Ëm kuerz virun 20 Auer ass ee Chauffeur, deen op der A13 a Richtung Péiteng ënnerwee war, mat sengem Won bei enger Baustell bei Keel bäigaangen. Hien hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an een eidele Bus geknuppt. Och iwwer Elementer vun der Baustellesécherung war hie gefuer. Déi zwou Persounen am Auto goufen dobäi awer net blesséiert. Wou d'Police op der Plaz war, hu si séier festgestallt, datt de Chauffeur kee gültege Fürerschäin hat an datt och d'Pabeiere vun der technescher Kontroll ofgelaf waren. Den Auto hat ausserdeem ënnerschiddlech Pneuen. Géint de Chauffeur an d'Besëtzerin vum Auto gouf e Protokoll erstallt.

Op der Route d'Esch zu Eesebuer ass den Donneschdeg den Owend géint 20 Auer een Automobilist bei engem Accident liicht blesséiert ginn. De Chauffeur war "däitlech voll", heescht et am Policebulletin. Him gouf de Fürerschäin ofgeholl, nodeems en Alkoholtest gewisen huet, datt hien de maximalen Héchstwäert ëm dat duebelt iwwerschratt huet. Et gouf och ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgeschwat. Wéinst senge Blessure koum hie fir Ënnersichungen an d'Klinick.

Back to Top
CIM LOGO