
Wéi d'Fra géint Hallefnuecht e Sonndeg an e Ront-point zu Lamadelaine gefuer ass, huet se staark misse bremsen, well e Mann op der Strooss stoung. Dësen ass an den Auto geklommen an huet d'Fra opgefuerdert, mam Auto op e Parking zu Péiteng ze fueren. Hei ass e weidere Mann, deen dem Auto hannendru gefuer war, an d'Gefier geklommen an huet d'Affer geschloen. Duerno sinn déi zwee Täter a Richtung belsch Grenz gefuer, wou se d'Affer an engem Bësch ausgesat hunn. D'Männer si mam Auto, mat der Posch an de Wäertsaache vun der Fra geflücht.
D'Affer huet de Wee bei eng Strooss fonnt a gouf vun engem Camionschauffer zeréckbruecht. D'Täter hu sech duerch d'Bascht gemaach.
An dësem Zesummenhang sicht d'Police no méiglechen Zeien, virun allem nom Camionschauffer, deen der Fra gehollef huet. Persounen, déi Informatiounen iwwert de Virfall hunn, gi gebieden, sech iwwert den 113 oder bei der Police vun Déifferdeng ënnert der Nummer 244 53 1000 ze mellen.