Zeie gesichtAutomobilist rennt a geparkten Auto a fiert einfach weider

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend géint 22.15 war an der Rue de Lasauvage zu Déifferdeng en Automobilist an e Gefier gerannt, wat op der Säit ofgestallt war.

De Chauffer war awer net stoe bliwwen, fir sech ëm de Schued ze këmmeren, mä ass einfach weidergefuer. Kuerz nom Accident sinn en donkele VW Polo an en donkele BMW, wuel Modell X5 oder X6, laanscht d'Plaz gefuer.

Déi Automobilisten, déi eventuell eppes kéinte gesinn hunn, solle sech bei der Police vun Déifferdeng mellen, dat via Telefon um 0035 2244-531000 oder per Mail op police.differdange@police.etat.lu.

Ronn eng Stonn méi fréi war zu Nidderkuer an der Käerjengerstross eng änlech Situatioun geschitt. Just datt hei déi véier Leit, déi am Auto souzen, deen den Accident verursaacht huet, fortgelaf sinn. De Besëtzer vum Auto gouf doheem ugetraff an eng Enquête gouf ageleet.

Och géint 21 Auer war op der A7 a Richtung Norden en Automobilist ënnerwee, deen duerch seng geféierlech Fuerweis op sech opmierksam gemaach huet. Kuerz drop ass hien op der Bréck op der N7 bei Ettelbréck an d'Leitplanke gerannt, esou, datt säi Gefier komplett beschiedegt war. Wéi d'Leit vu Ponts et Chaussée op d'Plaz koumen, fir d'Plaz ofzesécheren an dem Mann ze hëllefen, war hie mat dëse Leit net ganz frëndlech. D'Polizisten, déi kuerz dono agetraff sinn, konnte beim Mann en däitlech ze héijen Alkoholpeegel feststellen. De Permis gouf agezunn an de Mann gouf protokolléiert.

Wärend der selwechter Zäit gouf de Mann nach vun den Ambulancieren ënnersicht, déi hien, genau wéi e Policebeamten, dunn ugegraff huet. Well hie fir sech an aner Persounen eng Gefor duergestallt huet, huet hien d'Nuecht um Policebüro verbruecht an eng Plainte wéinst Rebellioun gouf géint de Mann gemaach.

En Accident gouf et e Mëttwoch de Moie géint 7.25 Auer tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach. E Camion an en Auto waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vum Stauséi an d'Wëltzer Ambulanz waren am Asaz, esou de CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO