BounewegAutomobilist no Course poursuite mat geklautem Auto verhaft

RTL Lëtzebuerg
Da mellt d'Police weider en Abroch an der Stad, wou e Verdächtege verhaft gouf an en Automobilist, dee säi Permis verluer huet.

Kuerz no 15 Auer en Donneschdeg ass der Police en Automobilist opgefall, deen d'Virfaart zu Bouneweg net respektéiert huet. Den Auto gouf ugehalen an d'Police wollt de Chauffer kontrolléieren. Wéi d'Beamten awer de Geroch vu Marihuana an d'Nues kruten, huet den Automobilist op de Gas gedréckt a probéiert, sech dovun ze maachen. Vun der Rue des Ardennes ass et an d'Rue August Lumière gaangen, wou de flüchtege Chauffer mat engem weideren Déngschtwon vun der Police kollidéiert ass.

Ma fir den Onéierleche war d'Aktioun nach net eriwwer, well hien nach probéiert huet, fortzelafen. Wäit koum hien awer net an d'Beamte konnten hie festhuelen. Am Auto goufen 230 Gramm Marihuana, ronn 27 Gramm Heroin an e bëssen Haschisch fonnt. Weider hat de Mann en Jammer, fir Signaler ze stéieren, bei sech, sou wéi eng Gaspistoul a Pefferspray. Beim Mann selwer gouf eng gréisser Zomm Boergeld fonnt. Ma domadder net genuch. Bei der Iwwerpréiwung koum eraus, datt de Mann den Auto, mat deem hien ënnerwee war, a Frankräich geklaut hat.

De Parquet huet de Mann verhafte gelooss an d'Drogen, d'Waffen an Boergeld, wéi och den Auto, goufe saiséiert. Zwee Beamte goufe bei dësem Tëschefall liicht blesséiert.

Da mellt d'Police nach géint 17 Auer en Abroch an d'Kellerraim vun engem Gebai an der Avenue Victor Hugo an der Stad. Den Awunner war eng Persoun, déi näischt am Gebai verluer hat, opgefall a gouf vun hinne um Fortlafe gehënnert. Beim Mann konnte geklaute Saache fonnt ginn a de Parquet huet seng Verhaftung ordonéiert.

En alkoholiséierten Automobilist war géint 17.15 Auer zu Déifferdeng opgefall, well hien eng rout Luucht ignoréiert hat. De Alkoholtest war däitlech ze héich, esou datt de Mann de Permis huet missten ofginn.

Zu Bieles sinn d'Polizisten en Donneschdeg den Owend géint 21 Auer op eng Persoun opmierksam ginn, déi séier aus dem Auto geklommen ass a sech duerch d'Bascht gemaach huet, wéi se d'Beamten erbléckst hat. Kuerz dorobber konnten de Chauffer vum Auto, wéi och de Bäifuerer ermëttelt a kontrolléiert ginn. De Bäifuerer hat ënnerwee e Rucksak ewechgepucht, konnt awer vun der Police erëmfonnt ginn.

Well beim Bäifuerer de Verdacht bestoung, dass e mat Drogen handele géing, gouf op Uerder vum Parquet eng Perquisitioun an d'Weeër geleet. 300 Gramm Cannabis-Produiten, Boergeld a weider dot-relevant Géigestänn goufe saiséiert. De Bäifuerer gouf donieft op Uerder vum Parquet festgeholl.

De CGDIS mellt dann nach en Accident an der Nuecht géint 4.35 Auer op der A13 tëscht Diddeleng a Keel. En Automobilist hat d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an hat sech iwwerschloen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg, sou wéi och de Samu.

Tëscht Schuller a Käerjeng ass kuerz no 16 Auer en Auto an e Bam gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Zu bal der selwechter Zäit krute sech zu Ettelbréck an der Rue des Allies zwee Autoen ze paken. All Kéiers gouf eng Persoun blesséiert. Zu Schuller waren d'Ekippe vu Käerjeng, Péiteng an Dippech am Asaz, zu Ettelbréck déi lokal Rettungsdéngschter.

Back to Top
CIM LOGO