
D'Police huet um Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg eng Partie Führerschäiner missten anzéien.
Géint 19.30 Auer hat eng Fra bei der Police ugeruff, fir eng Automobilistin ze mellen, déi a Schlaangelinnen iwwert de Boulevard Royal an der Stad fuere géif. D'Police huet d'Adresse vun der concernéierter Fuererin gesicht. Wéi et am Bulletin vun der Police heescht, gouf op der Plaz en Alkoholtest gemaach. Den erlaabte Wäert gouf ëm dat Duebelt depasséiert. Deemno war de Permis fort.
D'selwecht ergoung et engem Cyclist deen géint 1 Auer zu Luerenzweiler duerch d'Lëtzebuerger Strooss gefuer war. D'Police war opmierksam op de Mann ginn, wëll en ouni Luucht ënnerwee war, an net wierklech riicht aus fueren konnt.
Och hei war de Wäert duebel esou héich ewéi erlaabt. De Mann krut e Fuerverbuet.
Géint 4 Auer gouf d'Police dann nach vun der Urgencen-Zentral vun engem Autosproduzent kontaktéiert. Zu Meechtem an der Rue de Donven wär en Accident geschitt. Kuerz drop war eng Patrull op der Plaz. De Chauffer war mat sengem Won duerch en Zonk gefuer. Wéi d'Police schreift, hätt de Mann däitlech ënnert dem Afloss vun Alkohol gestanen. Den Test huet dat du confirméiert. De Won gouf ofgeschleeft an de Permis war fort.