PoliceAutoen zu Ettelbréck geklaut, Täter zu Daun (D) festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger an der däitscher Police huet an dësem Fall exzellent funktionéiert.

Den 30. Juli waren am Raum Ettelbréck zwéin Autoe geklaut ginn, eng Aktioun bei där een Autospropriétaire liicht verwonnt gouf.  Zu Daun an der Äifel goufen an deem Kontext elo zwee Verdächteger festgeholl.

Béid Gefierer, en Aston Martin an e Mini,  goufe sécher gestallt. Weider Ermëttlungen hunn erginn, datt déi 18 an 19 Joer al Männer vu Lëtzebuerg wuel nach e VW Golf zu München geklaut hunn.

De Lëtzebuerger Parquet wäert, wéi et ausgesäit,d'Ausliwwerung vun de Männer froen.

Back to Top
CIM LOGO