Géint 15.30 Auer e FreidegAuto op d'Kopp gaangen tëscht Messancy a Kënzeg
E Freideg am Nomëtteg koum et um CR101 zu engem Accident mat engem Blesséierten.
De Chauffer hat an enger liichter Kéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, deen dunn op d’Kopp gaangen ass. Hie gouf liicht verwonnt.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi de CGDIS mellt, koum et do virdrun nach zu engem weideren Accident, dat tëscht Menster a Rued-Sir. Kuerz no 14 Auer krute sech um CR187 zwee Autoen ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.