RettungsdéngschterAuto op der Kopp um CR314, eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt e Samschdeg de Mëtteg 3 Accidenter mat am ganze véier blesséierte Persounen.
© RTL

E Samschdeg de Moien um 7:43 Auer goufen d’Rettungsdéngschter wéinst engem Accident um CR314 tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen geruff. Hei hat sech en Auto iwwerschloen, eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Colmar-Bierg an der Nordstad am Asaz.

E weidert Accident gouf et um kuerz no 10 Auer an der Rue Jean-Baptiste Gillardin zu Péiteng. Am Bulletin heescht et, dass sech zwee Autoen ze pake kruten, zwou Persoune goufen heibäi blesséiert. Hei waren d’Ekippe vu Péiteng a Schëffleng am Asaz.

Kuerz no 12 Auer huet et an der Stad an der Avenue de la Faïencerie gerabbelt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt. D’Rettungsservicer aus der Stad waren op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO