
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident blesséiert. D'Pompjeeë vu Monnerech a Leideleng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Beetebuerg.
Kuerz no 8 Auer gouf et zu Nidderkuer an der rue Pierre Gansen en Accident tëscht 2 Gefierer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng waren am Asaz, an d'Ambulanz vun Esch.
Kuerz no 9 Auer ass e Cyclist zu Esch an der rue Léon Juhaux vun engem Auto ugestouss ginn. Zwou Persoune goufe bei deem Tëschefall blesséiert. D'Ambulanze vun Esch a vu Suessem-Déifferdeng hu sech ëm déi Blesséiert gekëmmert. Och d'Pompjeeë vu Schëffleng goufen op d'Plaz geruff.
Géint 10 Auer war et méi eng hefteg Chute vun engem Vëlosfuerer zu Diddeleng an der rue Reiteschkopp. De Samu Süd grad ewéi d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Diddeleng hu sech ëm de Cyclist gekëmmert.