Zu Bouneweg geklautAuto gouf zu Errouville a Frankräich erëmfonnt

RTL Lëtzebuerg
Ee Won, deen e Sonndeg tëscht 12 a 17 Auer zu Bouneweg an der Rue des Gaulois geklaut gi war, konnt erëmfonnt ginn.
© RTL Archivbild

De Besëtzer konnt säi Gefier via Smartphone lokaliséieren. Et war zu Errouville a Frankräich.

Déi zoustänneg franséisch Autoritéite goufen informéiert. Beim Auto war awer kee méi an et konnt kee potentiellen Täter ermëttelt ginn. De Besëtzer krut den Auto zeréck.

D'Gefier war iwwregens geklaut ginn, well den Täter de Keyless-System manipuléiert hat.

Back to Top
CIM LOGO