CGDISAuto accidentéiert op der Rouder Bréck a bleift op Tramsschinne leien

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg huet sech géint 1 Auer um Pont Grand-Duchesse Charlotte en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
© CGDIS

De CGDIS mellt ee Liicht-Blesséierte bei engem Accident an der Stad op der Rouder Bréck. Hei hat sech en Auto kuerz no 1 Auer iwwerschloen an ass säitlech op der Tramsschinne leie bliwwen.

De Chauffeur konnt sech net vun eleng befreien, sou dass d’Stater Pompjeeën him hu missen eraushëllefen. De Mann hat ze vill gedronk.

Back to Top
CIM LOGO