
Tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng hat e Gefier a Richtung Stad Feier gefaangen. D'Pannespuer an déi riets Spuer ware blockéiert.
Den 112 mellt dann weider Virfäl e Mëttwoch. Géint 13.30 ass zu Keel an der Rout d'Esch ee Foussgänger ugestouss ginn, géint 16 Auer war et zu Mamer an der Rue de Bertrange ee Cycliste, dee vun engem Auto ugestouss gouf.
Kuerz no 16.30 sinn zu Stroossen an der Rue du Kiem e Moto an en Auto net laanschtenee komm a ronn 15 Minutte méi spéit sinn zu Rëmeleng an der Rue Henri Luck zwee Autoen aneneegerannt.