
En Donneschdeg den Owend koum et eisen Informatiounen no an Zäitofstänn vu nëmme 40 Minutten zu 2 Bränn u Gefierer. Den 112 mellt och e Freideg de Moien déi 2 Bränn.
Eemol goufen d'Pompjeeën op Schwéidsbeng geruff, hei hat e Camion op der N10 gebrannt. D'Streck gouf fir d'Läschaarbechte gespaart. Dono hat en Auto zu Wëntreng Feier gefaangen, deen op engem Parking vun enger Firma an der Géigend vum CR152 stoung.
Wéi d'Police mellt, gouf keng Persoun blesséiert, d'Police ermëttelt.