
Dës Aussoen an engem Lëtzebuerger Podcast mam Numm ''Gëlle Fro'' waren op d'mannst rabiat. Deels wäre se beleidegend vis-à-vis vun der Schoul, de Schüler an hiren Elteren, betount den Educatiounsminister Claude Meisch. Säi Brudder Michel Meisch ass zu Déifferdeng Schoulmeeschter, ma och vill aner Enseignanten hätte sech duerch d'Aussoen diskreditéiert gefillt. De Minister reagéiert mat haarder Hand. Hie léisst elo souguer juristesch Schrëtt préiwen, well déi deels beleidegend Remarke vis-à-vis vun der Schoul, de Schüler an hiren Eltere net acceptabel wären.
"Natierlech verstinn ech déi Opreegung do. Et kann ee scho schockéiert sinn an ech hoffen, dass déi Persoun hir Aarbecht besser gemaach hat deen Ament, wou se an der Schoul bei de Kanner war, ewéi dat an deem Video gesot ginn ass. Mir hunn awer natierlech och direkt am Ministère déi Situatioun analyséiert: wéini déi Persoun bei eis geschafft huet, wéi se och evaluéiert ginn ass, wéi laang dass se bei eis war. Déi leschten Interventioune waren am Mäerz 2018, déi leien also schonn zwee an en halleft Joer zeréck. Mir hunn natierlech och decidéiert, him d'Autorisatioun als Remplaçant direkt ze entzéien, fir dass en net awer eng Kéier kéint zeréckkommen an intervenéieren. A mir analyséieren och nach eventuell rechtlech Schrëtt géint déi concernéiert Persoun, well mir scho mengen, dass ee sech esou net ka behuelen. Och wa mir net wëssen, wat am Klassesall geschitt ass, et kann ee sech och baussent dem Klassesall net op déi dote Manéier ausloossen."
De concernéierte Mann hätt d'Invitatioun vum Déifferdenger Schäfferot, fir sech iwwer dëse Virfall auszetauschen, iwwerdeems akzeptéiert. Dat confirméiert d'Buergermeeschtesch vun Déifferdeng Christiane Rausch op Nofro hin. E Samschdeg schonn hat den Déifferdenger Schäfferot e Communiqué erausginn, an deem ee vum concernéierte Mann eng Excuse verlaangt hat. Fir den anere Fall hätten och d'Gemengeresponsabel juristesch Konsequenze préiwe gelooss, ewéi et an dësem Schreiwes geheescht hat.
Ass d'Ersetzen-goe liicht verdéngte Geld, ouni sech vill midd ze maachen, ewéi den concernéierte Youtuber dat suggeréiert? De Claude Meisch mengt net: ''Et ass mengen ech net déi Haaptmotivatioun vu Leit fir nëmme séiert Geld ze verdéngen. D'Motivatioun ass ganz dacks, fir iwwerhaapt emol e Kontakt mam Enseignementsberuff ze hunn. Fir vläicht no der Première iwwerhaapt emol ze wëssen, ob een an déi dote Richtung wëll studéiere goen.''
Aner Remplaçanten, Fraen a Männer an all Alter, géifen dacks lokal eng Hand mat upaken. D'Konditiounen, fir ersetze goen ze dierfen, wäre fir jiddereen déi selwecht, erkläert d'Francine Vanolst, Cheffin vum Service vum Enseignement Fondamental. Ënnert anerem gëtt e kompletten Dossier mat Motivatiounsschreiwes, CV an engem Premièresdiplom verlaangt. Wann déi zoustänneg Kommissioun den Dossier validéiert, kënnt d'Persoun an de Stage, seet d'Francine Vanolst.
''Wann dee Stage da gemaach gëtt, kritt de Kandidat eng Schoul zougewisen, wou en da wärend véier Wochen, eng Woch pro Cycle, an de Stage geet, an do vun engem Titulaire an der Klass empfaange gëtt. Do muss en och selwer Aktivitéiten an der Klass assuréieren.''
Wann et duerno gréng Luucht gëtt, huet de Ministère nees ee Remplaçant méi. Zanter dem Ufank vum Schouljoer hunn 175 Kandidaten de Stage gepackt. Wéinst der Covid19-Kris a villen Ausfäll beim Léierpersonal gouf d'Gesetz geännert. De Stage ass provisoresch just nach fakultativ. 400 Persounen hu sech gemellt, fir ersetzen ze goen.
Vun enger genereller Demotivatioun am Grupp vun de Leit, déi ersetze ginn, kéint ee wierklech net schwätzen, verséchert d'Francine Vanolst: ''Nee dat gesi mir net. Mir kréie jo och de Feedback vun deene Leit déi mam Stage ophalen, well se gesinn, dass dat net dat richtegt ass. Respektiv déi eben och hir Stage net validéiert kréien, zum enge vun den Titulairen an zum anere vun den Direktiounen.'' Déi aner Leit misste motivéiert sinn, well et wär genuch ze schaffen an ze preparéieren, esou d'Francine Vanolst.
De Claude Meisch protegéiert säi Personal a weist och no bausse gäre mol, wien Chef ass. Dat hat rezent eng Journalistin vum Lëtzebuerger Wort misse feststellen, wéi si vum DP-Minister an engem ongewinnt schaarfen Toun reprochéiert krut, Zuelen aus dem Kontext gerappt a falsch gedeit ze hunn. D'Journalistin hat d'Statistiken iwwer d'Covid-Infektiounen an de Schoulen hannerfrot an ënnert anerem festgestallt, dass et an de Lycéeë wuel a Wierklechkeet méi Klasse mat Infektiounsketten gëtt, ewéi an de Rapporten ze liesen ass. RTL géintiwwer gëtt de Claude Meisch e bëssen no: ''Ob do elo 3 Fäll méi oder manner nach hätte misse stoen, dat kann effektiv sinn an dat wëll ech net ausschléissen. Wat meng Reaktioun op en Artikel vun enger Journalistin ubelaangt, do ass et esou, dass ech mir virun allem gewëscht hätt, mir hätten, op Basis vun deenen Informatiounen déi, déi Zeitung offensichtlech huet, zesumme kënnen op d'Sich goen, ob et hei e Feeler gëtt. Oder vläicht hätte mir och Explikatioune fonnt, fir dat z'erklären. Dat hei ass eng aner Situatioun ewéi e vläicht à première Vue gemengt huet, well et eng komplex Matière ass. An do war d'Kollaboratioun awer net ginn. An dat huet mech dach schonn e bësse gefuusst.''
RTL-News: No ëmstriddenem Podcast - Déifferdeng wiert sech géint d'Aussoe vu fréierem Remplaçant