Dës Woch an der ChamberAusseminister Asselborn zitt Bilan an Debatt iwwert déi héich Energiepräisser

RTL Lëtzebuerg
D’Allerhellegevakanz ass eriwwer an domadder sinn dës Woch dann och nees Plenièren an der Chamber.

Den Dënschdeg de Mëtteg vu 14.30 Auer u mécht de Jean Asselborn um Krautmaart seng annuell Deklaratioun iwwert d’Lëtzebuerger Aussepolitik. E Mëttwoch ass dann den Debat doriwwer.

En Donneschdeg stinn niewent verschiddene Gesetzprojeten, iwwert déi ofgestëmmt gëtt, vu 14 Auer un och eng Aktualitéitsstonn iwwert héich Energiepräisser, an eng Interpellatioun iwwert d’Konsequenze vun der Corona-Kris op de nationale Wäin-Secteur um Ordre du jour.

Back to Top
CIM LOGO