
Fir d'Gewerkschaft ass sécher, datt sech aus der Corona-Kris eng Wirtschaftskris entwéckele wäert. Ma do gëllt et awer mat alle Mëttelen ze verhënneren, datt dorausser och eng Sozialkris entsteet. Dowéinst dierft net just de Betriber gehollef ginn, fir hire Liquiditéitsproblem ze behiewen, ma och missten Aarbechter ënnerstëtzt ginn, fir ze verhënneren, datt dës ze vill Pai verléieren respektiv hir Aarbechtsplaz komplett verléieren.
D'Politik soll d'Fanger vun de Kleng- a Mëttelverdénger loossen, dat souwuel um Niveau Paie, wéi och Sozialleeschtungen a Steiererhéijungen. Fir den OGBL wier et wichteg, hei d'Kafkraaft vun de Leit an d'Luucht ze setzen, alles anescht géif an den Ae vun der Gewerkschaft just zu enger schwéierer Rezessioun féieren.
Positiv ervir sträicht an deem Kader den OGBL och déi Mesuren ervir, déi schonn an der Coronakris geholl goufen. Dorënner d'Kuerzaarbecht oder de Congé aus familiäre Grënn. Dës hätte scho gehollef, fir direkt eng sozial Kris z'evitéieren. Den aktuelle System dierft net ofgebaut ginn, respektiv dierfe Leeschtungen net gekierzt ginn oder allgemeng Déngschtleeschtungen net privatiséiert oder ausgelagert ginn.