
Zu där Conclusioun kënnt en Audit vu PriceWaterHouseCoopers, wéi den Tageblatt en Dënschdeg schreift.
Iwwer Joren haten zwee Gemengebeamte massiv Sue vun der Gemeng geklaut. Rieds geet vun 3 Milliounen Euro. Ënnert anerem hu Si dofir fiktiv Fournisseuren, respektiv Rechnunge comptabiliséiert.
Dem Audit no huet de Comptabilitéitssystem vun der Gemeng esou Tricken zougelooss. Alarmsignaler vum System hätten einfach kënnen ignoréiert ginn.
Mëttlerweil wier de System duerch nei Kontrollen awer méi sécher ginn.
RTL NEWS: Hu Mataarbechter vun der Hesper Gemeng Suen detournéiert?
RTL NEWS: Auteuren an der Verontreiungsaffär hunn Doten zouginn