CGDISAtelier a Flamen um Wuermer Bierg - 40 Pompjeeën am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Brand huet d'Strooss Pälchesgärtchen tëscht Wuermer an Éinen musse gespaart ginn.
Atelier a Brand um Wuermer Bierg
Eng 40 Pompjeeë goufen an den Asaz geruff, fir ze läschen

Wéi de CGDIS op der Plaz bestätegt huet, wiere 40 Pompjeeë vu Wuermer, Fluessweiler, Mäertert a Réimech am Asaz, fir d'Feier ze läschen. Och d'Ambulanz vu Réimech gouf op d'Plaz geruff.

Beim Gebai wat brennt, handelt et sech ëm en alen Atelier. An enger éischter Phas wollt een net an d'Gebai eragoen, well de Risk bestoung, dass eventuell Deeler vum Daach kéinten eroffalen.

Back to Top
CIM LOGO