No Sträit mat Fra vu Grand-DucAstrid Lulling an FNFL kréie Recht viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
D’Astrid Lulling an hir Federatioun waren aus dem Conseil national des femmes ausgeschloss ginn, dat well et Sträit mat der Fra vum Grand-Duc gouf.

D’Astrid Lulling huet an hirem Sträit mam Conseil national des femmes du Luxembourg viru Geriicht Recht kritt. Der fréierer CSV-Politikerin hir Federation nationale des femmes freet sech an engem Communiqué iwwert dat Urteel. D’Astrid Lulling an hir Federatioun waren 2019 aus dem Conseil national des femmes ausgeschloss ginn, dat well d’Astrid Lulling mat der Fra vum Grand-Duc gestridden hätt.

Déi fréier CSV-Europadeputéiert hat der Grand-Duchesse Maria-Teresa an enger Entrevue um Schlass Bierg virun zwee Joer net Recht ginn, datt de Kampf fir d’Fraerechter an de leschte Joerzéngten net hir Friichte gedroen hätt an datt d’Situatioun vun de Fraen haut katastrophal wier. Am RTL-Interview sot d’Astrid Lulling e puer Méint drop, d’Grande-Duchesse hätt doropshin hannert zouenen Diere bei den anere Membere vum Fraerot "gepinscht".

Den nationale Fraerot hat d’Ausschléisse vun der FNFL domadder begrënnt, datt d’Politikerin de Conseil Nationale de Femmes virun der Grande-Duchesse "diskreditéiert an humiliéiert" ze hunn an datt d’Politikerin et net fir néideg fonnt hätt, sech virum Fraerot z’erklären.  Déi Concernéiert selwer krut elo also Recht, datt de Fraerot zu Onrecht d’Ënnerorganisatioun ausgeschloss huet.

D’FNFL wëll elo déi néideg Mesuren huelen, fir datt hir Memberen nees op Reunioun invitéiert ginn an all d’Dokumenter geschéckt kréien, déi hinnen no hirer Exklusioun zougestanen hunn.

PDF: Communiqué vun der FNFL

Back to Top
CIM LOGO