
"Mir passen drop op, datt kee vergiess gëtt", schreift d'ANASIG an engem Communiqué um Méinden. An der Reegel wier en Assitant social diskret, ma well ee vill Ufroe kritt hätt, hätt een decidéiert, d'Erfarunge vun hire Membere wärend der Kris ze verëffentlechen, déi wärend engem Webinar gesammelt goufen.
Zu Lëtzebuerg schaffen, Stand 2019, 716 Assistants sociaux an Assistants d'hygiène sociale. Vue dass et dem Gesetz no e Gesondheetsberuff ass, goufen d'Sozialaarbechter och an d'sanitär Reserve ageschriwwen, eng Rei wieren och an der Lutte géint d'Pandemie am Asaz gewiescht.
E groussen Deel vun de Sozialaarbechter, déi hir normal Aarbecht weider gemaach hunn, hätten dës iwwer Teletravail gemaach. Hei hätte sech verschidden Erausfuerderunge gestallt a verschidde Problemer, déi et scho virun der Kris gouf, wiere verschäerft ginn.