Am KloertextSocial-Media-Verbuet fir Jonker: "Mir wäerten net ze laang waarden", sou Claude Meisch

Caroline Mart
Luc Marteling
Educatioun tëscht KI a Social Media, Schoul tëscht Gewalt a Chancëgläichheet – dorëm goung et en Donneschdeg den Owend an der Emissioun mam Caroline Mart.
Kloertext: "Ass d’Schoul haut scho fit fir d’Zukunft?"
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

“Jo an neen.” Dat war dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) seng Äntwert op d’Agangsfro vum Caroline Mart, ob de Lëtzebuerger Schoulsystem d’Schüler nach adequat op d’Zukunft virbereet. Virdrun haten dräi aner Invitéë kloer mat Nee geäntwert. Dat waren d’LSAP-Deputéiert Francine Closener, déi och Vizepresidentin vun der Educatiounskommissioun an der Chamber ass, den Alain Massen, Président sortant vun der nationaler Elterevertriedung, an de Luca Nicolas Roettgers, deen op 1e am Lycée Edward Steichen an och President vun der nationaler Schülerkonferenz (Cnel) ass. Just d’Joëlle Damé, Schoulmeeschtesch zu Péiteng a Presidentin vum SEW/OGBL, hat d’Fro bejot. Domat war d’Diskussioun op.

Déi bescht Aussoen aus dem Kloertext vum 26. Februar
Déi bescht Aussoen aus dem Kloertext vum 26. Februar 2026.

Kritik un traditioneller Schoulapproche

Den Alain Massen huet op den Decalage tëscht Schoul a Gesellschaft higewisen: “D’Schoul ass natierlech e risegrousse System mat villen eenzelen Acteuren ... Et ass ganz kloer, dass dat e System ass mat ville Reglementatiounen, mat ville Leit, déi mussen iwwerzeegt ginn, déi musse matschwätzen an déi sollen och matschwätzen ...” Ma bis et dann zu Verännerunge kéim, bräicht dat natierlech Zäit, wärend sech d’Gesellschaft ëmmer méi séier verännert. “Wa mer déi lescht fënnef, zéng Joer kucken, da si mer an engem Tempo ënnerwee, wou ee wierklech net méi weess, wat den Dag drop lass ass.

De Luca Nicolas Roettgers huet kritiséiert, datt d’Schoul nach ëmmer staark op Frontalunterrecht a Memoriséiere setzt. Dat wier net méi adäquat, fir op d’Liewe virzebereeden: “Frontalunterrecht ass nach ëmmer déi gängeg Aart a Weis, wéi een de Cours gehale kritt”, huet hien erkläert. Vill Schüler kéinten no engem Examen net méi soen, wat si eigentlech geléiert hunn.

De Claude Meisch huet dogéintgehalen: Auswenneg léiere wier net per se falsch, mee domat wier et net gedoen: “Nëmme léieren, auswenneg ze léieren an dat ze reproduzéieren, dat kann net déi eenzeg Finalitéit sinn. Dat, wat e jonke Mënsch selwer entdeckt, dat ass eppes, wat hänke bleift.” De Minister huet sech fir diversifiéiert Unterrechtsformen ausgeschwat a vläicht misst een den Enseignant och als Coach gesinn, deen e jonke Mënsch begleet.

De Resumé vum Kloertext vum 26. Februar / Dany Rasqué

Schoul als Spigelbild vu Gesellschaft

“En Enseignant misst haut eigentlech och nach Psycholog, Educateur, Dokter an Infirmière a vläicht souguer nach Polizist sinn.”
Francine Closener, LSAP-Deputéiert a Presidentin vun der Educatiounskommissioun an der Chamber

D’Kritik um traditionellen oder um aktuelle System huet d’Francine Closener nuancéiert: “Et muss een awer och soen, et ass net der Schoul hir Schold. Et ass och d’Gesellschaft, déi d’Uspréch un d’Schoul ëmmer méi erweidert an och un d’Enseignanten. Een Enseignant ass jo haut wierklech net méi just Wëssensvermëttler oder e soll et net méi sinn. E misst eigentlech och nach Psycholog, Educateur, Dokter an Infirmière a vläicht souguer nach Polizist sinn.”

Dat wieren ze vill Uspréch fir just een, deen dorobber net forméiert ass: “Dat ass ganz kloer. Deen Enseignant wëll sech jo awer op dat konzentréieren, wat e kann. Et bleift em awer net onbedéngt déi néideg Zäit.

De Minister huet méi spéit am Kloertext d’Schoul als Spigelbild vun der Gesellschaft bezeechent: “Wann d’Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft klëmmt, bei den Erwuessene klëmmt, dann ass dat och bei deene Jonken de Fall.

Besoinen an der Jugendpsychiatrie

Am Kontext vu rezenten Tëschefäll a Schoulen, wéi an enger Schoul am Oste vum Land oder e Mëttwoch am Lycée Michel Lucius, wou eng Schülerin eng aner mat engem Messer verwonnt hat, leet den Educatiounsminister de Fanger an d’Wonn: “Mir mierken, datt mer hei e Besoin hunn, an dat ass an der Jugendpsychiatrie.

“D’mental Gesondheet hëlt of.”
Luca Nicolas Roettgers, President vun der Cnel

D’mental Gesondheet vun deene Jonke war dann och e wichtege Sujet an der Kloertext-Emissioun: Et géif Handlungsbedarf bestoen, esou den allgemenge Constat. Well: “D’mental Gesondheet hëlt of”, sot de Luca Nicolas Roettgers.

D’Joëlle Damé huet dat confirméiert: “Also mir mierken déi lescht Jore schonn, dass mer Kanner hunn, deenen et net gutt geet.” A weider: “Wann een eng Vertrauensbasis opgebaut huet, da kommen d’Kanner mat ganz, ganz ville Problemer.

Social Media: Verbuet, Regulatioun – oder Mediebildung?

E weidere Brennpunkt: Social Media. Déi national Schülerkonferenz Cnel ass skeptesch, wat e glate Verbuet ugeet: “Mir denken, dass e Verbuet de Problem net léist.” De Luca Roettgers huet awer zouginn, dann de Suchtfaktor vu Social Media bei de Jonke besonnesch grouss ass. Trotzdeem sollt een déi sozial Medien net einfach fir Jonker ënner 16 verbidden.

Liest hei den Avis vun der Cnel vum Mëttwoch

De Minister hält energesch dergéint a vergläicht e Verbuet mam Jugendschutz bei Suchtmëttelen: “Ech si mat villem, wat de Luca Roettgers haut an och soss scho gesot huet, d’accord, mee déi dote Positioun verstinn ech net. Wann ee seet, d’Sozial Medie si gemaach, fir Jonker ofhängeg ze maachen, fir hinnen Zäit ze klauen, well dorëms geet et jo, déi verdénge mat der Zäit vun deene Jonken a vun all deenen anere Suen, an et gëtt een ofhängeg dovunner. A wann ee seet, mer däerfen et net verbidden. Dat wär e bëssen esou, wéi wa mer géife soen, fräien Zougang zu Tubak an Alkohol ënner 16 Joer, well da léiert ee besser domadder ëmzegoen.

De Claude Meisch ass iwwerzeegt: “Ech mengen, do hu mir als Erwuessene-Generatioun einfach eng Verantwortung. Well dat, wat een do léiert, wat een do gesäit an de soziale Medien, dat si wierklech Contenuen, déi d’Welt net brauch an déi Jonker sécherlech net brauchen. Dat ass eng ganz grouss Suerg, déi ech hunn. An ech deele se mat ganz villen Elteren a mat ganz villen Enseignanten. An duerfir wär ech ganz frou, datt mer doriwwer nach eng Kéier kéinten diskutéieren.

Minister ongedëlleg: Et geet a Richtung Verbuet


De Minister ass dann och kloer ginn: “Mer kënnen net ze laang waarden. A wann Europa keng Solutioun liwwert, da wäert dës Regierung och hir Responsabilitéit iwwerhuelen.

“Wann Europa keng Solutioun liwwert, da wäert dës Regierung hir Responsabilitéit iwwerhuelen.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch iwwer e méigleche Social-Medie-Verbuet fir Jonker
Op Nofro vum Caroline Mart, u wéi en Alter en denkt, sot de Claude Meisch: “D’Regierung huet sech do net definitiv festgeluecht.” An der Debatt an der Chamber wier vu 16 Joer rieds gewiescht, mee mat Bléck op eng méiglech europäesch Reegelung sollt ee flexibel bleiwen a sech net ze fréi festleeën. Natierlech hätt een, als klengt Land, eng Preferenz fir eng europäesch Léisung, mee: “Mir wäerten net ze laang waarden."

D’Francine Closener huet fir eng gestaffelt Léisung plädéiert (Verbuet am jonken Alter, dono méi staark Eltere-Responsabiliséierung) – an insistéiert, datt Mediebildung an der Schoul net dierft “niewelaanscht” lafen.

Fir den Alain Massen géif d’Debatt ëm déi Sozial Medien ze gären op “verbidden oder net” reduzéiert ginn. Hien ass fir eng nuancéiert Approche.

KI am Klassesall: “Copy-Paste” oder Léier-Booster?

Duerch déi séier Fortschrëtter bei der Kënschtlecher Intelligenz krut d’Debatt ëm d’Educatioun an der Lescht nach eng weider Drénglechkeet derbäi.

D’Realitéit bei de Schüler beschreift de Luca Nicolas Roettgers esou: KI géif vill benotzt ginn – an net ëmmer am Sënn vum Léieren. “Et gëtt scho relativ vill domadder geschafft … leider de Groussdeel fir Aufgabe maachen ze loossen.” Gläichzäiteg kéint d’KI och didaktesch hëllefen: “An der Physik kann ee soen: ‘Maach mer änlech Aufgaben’ an da kriss de aner Aufgaben a kanns domadder léieren.

De Minister Claude Meisch warnt awer virun enger falscher Bequeemlechkeet: “Et bréngt guer näischt, eng Hausaufgab mat KI ze maachen. A wien dat mengt, soll net mengen, datt e besser léiert, dee bleift einfach nëmmen domm.

Dofir setzt de KI-Kompass vum Ministère op en Etappe-Modell: Zäit ouni KI léieren, Zäit iwwer KI léieren an Zäit mat KI schaffen – als Outil, net als Ofkierzung.

Chancëgläichheet: D’Schéier geet weider auserneen

Um Enn vun der Emissioun koum nach eng vun de Kärfroe vun der Bildungspolitik drun: Gëtt d’Schoul der Roll gerecht, Chancen-Ongläichheeten op d’mannst ofzefiederen?

D’Joëlle Damé äntwert ouni vill Ëmgeréits: “Nach vill Loft no uewen.” A si erkläert sech: “D’Aarmut, dat ass den Driver vu Bildungsongerechtegkeet, all véiert Kand. Déi Zuel ass iwwer déi lescht Joren immens an d’Luucht gaangen. An dat spiere mer natierlech och an der Schoul. Mir bréngen et an der Schoul net nëmmen net fäerdeg, d’Schéier méi kleng ze maachen, mee se geet an der Schoul nach weider auserneen. Dat heescht, d’Bildungsongerechtegkeet entsteet doheem, an der Gesellschaft. An d’Schoul muss op d’mannst en Usproch hunn, se kënnen ze reduzéieren.”

“D’Aarmut, dat ass den Driver vu Bildungsongerechtegkeet, all véiert Kand.”
Joëlle Damé, Presidentin SEW/OGBL

De Minister differenzéiert tëscht zwou Ongerechtegkeeten: sozial an sproochlech – a verdeedegt Reformen, déi genee do usetzen, ënner anerem mat der Fréifërderung an engem neien Usaz bei der Alphabetiséierung.

Den Alain Massen huet de Besoin vun enger besserer Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Bildungsacteure betount. Eng méi enk Koordinatioun kéint dozou bäidroen, de Bildungsprozess méi harmonesch an nohalteg ze gestalten.

Eppes huet d’Diskussioun am Kloertext vum Donneschdeg op alle Fall gewisen: Fir Kanner effektiv op d’Zukunft virzebereeden, muss d’Schoul sech weider un déi dynamesch Verännerunge vun der Gesellschaft upassen.


Eis Invitéë waren:

Francine Closener - LSAP
Deputéiert / Co-Parteipresidentin
Vizepresidentin vun der Educatiounskommissioun

© Nelson Cheung

Joëlle Damé
Presidentin SEW/OGBL
Schoulmeeschtesch zu Péiteng

© Nelson Cheung

Luca Nicolas Roettgers
President National Schülerkonferenz CNEL
Schüler op enger 1ère am Lycée Edward Steichen zu Clierf

© Nelson Cheung

Alain Massen
President National Elterevertriedung
Psychotherapeut

© Nelson Cheung

Claude Meisch - DP
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

© Nelson Cheung

Back to Top
CIM LOGO