D'lescht Joer huet d'Iddi vum Friddensmarsch hei zu Lëtzebuerg e Revival gefeiert. An och wann dës zweeten Editioun, wuel Corona bedéngt, méi moer ausgefall ass, sou huet d'Stëmmung awer gestëmmt. "Brécken am Plaz Mauere bauen", dee Message huet an d'Zäit gepasst. An den Appell war däitlech: Mir brauchen eng staark zivil Gesellschaft, déi sech hieft op der Strooss an net just op Facebook.
"Kricher ginn net nëmme mat Waffe gefouert. Wirtschaftskricher sinn un der Dagesuerdnung a se riskéieren, fir op villen Niveauen ze derapéieren. Aus der internationaler Kooperatioun gëtt ëmmer méi eng international Konfrontatioun. Am Plaz Brécken ze bauen tëscht de Mënschen, gi Grenzen zou gemaach. Dat ass geféierlech. Wann een net méi matenee schwätzt. Da si gär séier ongewollt Entwécklunge geschitt. An dofir ass et eis besonnesch an dësen Zäiten immens wichteg, op d'Strooss ze goen", sou d'OGBL-Presidentin Nora Back.
Kricher, Ongerechtegkeeten, Atomwaffen, Flüchtlings-Kris, Covid-19-Kris, Klima-Kris - Themen, déi d'Manifestante beweegt hunn.
Sou e Friddensmarsch ass net just e Rendez-vous fir Nostalgiker aus de 60er oder 80er Joren. Fridden a Klima beweegen och, an d'Rezent Vergaangenheet huet et gewisen, déi Jonk. Dacks am selwechten Alter wéi den Tarik, deen zu Kundus lieft, an dem säi Schicksal a seng Ängschten ënner aneren Temoignagë vu Jonke virgedroe goufen.
Hiere Message e Samschdeg de Mëtteg un déi Blo-Rout-Gréng Regierung: gitt d'Geld net fir d'NATO, fir d'Oprëschtung aus, ma Investéiert fir eng Emissiouns-Neutral Welt.
