Professer Claude MullerAntikierper-Tester ginn an Zukunft ëmmer méi wichteg

RTL Lëtzebuerg
De Virolog vum Luxembourg Institute of Health hält déi annoncéiert Ouverture fir eng logesch Konsequenz vun den aktuellen Infektiounszuelen.

Et wier richteg gewiescht, datt d'Regierung déi nei Mesuren elo ugekënnegt huet, sou de Professer en Donneschdeg am RTL-Mëttesjournal. Et wier jo och nach Zäit, fir eventuell kleng Upassungen ze maachen. De Virolog geet dovunner aus, datt déi meescht Infektiounsfäll an Zukunft haaptsächlech importéiert ginn.

De Professer Claude Muller bestätegt dann och, dass déi indesch Variant (Delta) warscheinlech méi ustiechend ass, an dass se wuel 50% manner gutt neutraliséiert gëtt duerch Antikierper, woubäi do awer nach näischt iwwer cellulär Immunitéit gesot ginn ass. Iwwer schwéier Krankheetsverleef kéint een nach näischt soen, well e Verglach tëscht den ënnerschiddleche Gesondheetsservicer a Groussbritannien an an Indien schwiereg wier.

Antikierper-Tester och am Zertifikat?

Wann ee keng Symptomer hat, an awer e positiivt Resultat beim Antikierper-Blutttest hat, gëtt dat jo aktuell net sou consideréiert, dass een dann als "geheelt" aklasséiert gëtt bei dem Covid-Check-Zertifikat.

Datt d'Regierung den Ament e positive PCR-Test als Basis hëlt, fir een als erëm gesond ze consideréieren, hätt dem Professer Muller no e praktesche Grond. Dës Donnéeë géifen der Santé virleien. Hie geet awer perséinlech dovunner aus, datt d'Antikierper-Tester an Zukunft ëmmer méi wichteg wäerte ginn, an dass d'PCR-Tester un Importenz verléiere wäerten. Dem Professer Claude Muller no wier et aktuell net ze fréi, fir den Antikierper-Test schonn als eng vun den 3G-Konditiounen ze huelen (geimpft, getest, geheelt). Et wiere wéi gesot éischter praktesch Grënn, well déi Test-Resultater der Santé nach net alleguerte virleie géifen an dowéinst schwéier ze integréiere wieren. Wëssenschaftlech wier et op alle Fall déi richteg Approche, fir d'Antikierper mat derbäi ze huelen.

Kompletten Interview mam Professer Claude Muller vum LIH

Back to Top
CIM LOGO