Invitée Anouk HingerLëtzebuerg gehéiert beim Verbrauch vu Psycho-Pharmaka zu de Spëtzereider

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie ware Sucht a mental Gesondheet Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun". Zu Gaascht war d'Directrice vum nationale Suchtpreventiounszenter CNAPA Anouk Hinger.
Invité vun der Redaktioun: Anouk Hinger
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir liewen an enger westlecher Konsumgesellschaft, an där et ganz vill Offer gëtt, déi zu enger Sucht ka féieren. Alkohol, Tubak a Medikamenter sinn déi legal Substanzen, déi an eiser Gesellschaft am meeschte konsuméiert ginn, direkt duerno kënnt de Cannabis. Dat sot d’Anouk Hinger, Direktesch vum nationale Suchtpreventiounszentrum CNAPA, en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun, am Kader vun de Woche vun der mentaler Gesondheet.

En Donneschdeg de Moie ware Sucht a mental Gesondheet Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Beim Cannabis warnt d'Psychologin virum Begrëff "Legaliséierung". Dee kéint déi falsch Virstellung vermëttelen, dass de Konsum allgemeng erlaabt an domat och harmlos wier. "Well esou legaliséiert ass et net. Dat gëtt jo dann och an de Käpp vun de Leit esou: 'oh, ech däerf dat fëmmen oder dat ass okay, dat ass net schiedlech', well d'Leit maachen nach ëmmer den Ënnerscheed tëscht 'illegal ass schiedlech a legal ass net schiedlech'."

Héije Verbrauch vu Psycho-Pharmaka zu Lëtzebuerg

Beim Medikamentekonsum huet d'Anouk Hinger virun allem op Psycho-Pharmaka higewisen, dorënner Schlof- a Berouegungsmëttel. Déi hätte weltwäit en héije Pic, mee de Grand-Duché géif beim Verbrauch vun dëse Medikamenter weltwäit mat vir bäi leien. Ëmmerhi géifen all Joer ëm déi 355.000 Ordonnancë fir Psycho-Pharmaka geschriwwe ginn, dorënner Antidepressiva, Medikamenter géint Angscht an dann eeben och Schlofmëttel a Berouegungsmëttel.

Alkohol-Konsum: Manner Reklamm a manner einfachen Accès

D'Campagne vum Dry January, dem Mount Abstinenz, wier e gudden Usaz, fir d'Leit dozou ze beweegen, hiren Alkoholkonsum méi bewosst ze reflektéieren an eng Paus ze maachen. Den Alkohol wier an eiser Gesellschaft awer ëmmer nach staark verankert a géif als Kulturgutt ugesi ginn. Fir de CNAPA geet et dofir net duer, just un d'Eegeverantwortung vun de Bierger ze appelléieren. Et bräicht och gesetzlech Upassungen, ënner anerem beim Verkaf-Alter, de Verkafsplazen an der Reklamm. Och d'Visibilitéit an d'Disponibilitéit vun de Produite missten ugepaakt ginn. Op Tankstellen zum Beispill: "Do geet een eran an da gëtt ee wierklech bal erschloe vun deem Angebot, wat et gëtt vu Vaping, vun E-Zigaretten, vun Alkohol a voilà, wéi soll een dann do widderstoen?", sou d'Directrice vum CNAPA.

Beim Suchtverhale wiere Männer éischter à risque. An de leschte Jore géif sech awer eng Tendenz weisen, datt d'Frae beim Konsum ophuelen. Beim Alkohol géife Männer dacks méi fréi ufänke wéi Fraen, erkläert d'Anouk Hinger. Dat wier eng Entwécklungsphas, an där scho Verhalensweise fir dat spéidert Liewe gepräägt kéinte ginn. Als Konsum-Motiv géif bei de Männer och d'Gesellegkeet eng Roll spillen.

Wann de Konsum déi eenzeg Bewältegungsstrategie gëtt

An enger Lëtzebuerger Cannabis-Enquête vun 2023 hu bal 70 Prozent vun de Befroten, déi an de leschten 30 Deeg konsuméiert haten, Entspanung als Motiv genannt. Méi wéi ee Fënneftel hunn och Depressiounen oder Angschtgefiller uginn. Dat misst ee mat Virsiicht betruechten, sou d'Psychologin. Wann eng Persoun konsuméiert, well et hir schlecht geet a keng aner Strategie méi huet, fir mat hire Belaaschtungen eens ze ginn, kéint de Konsum problematesch ginn. Entscheedend wier deemno och, wéi eng Funktioun d'Substanz am Liewe vun där Persoun iwwerhëlt.

Schiedleche Konsum fänkt scho virun enger Ofhängegkeet un

Net all Persoun, déi konsuméiert, géif automatesch ofhängeg ginn. Fir de Konsum anzeschätzen, misst een d'Frequenz, d'Quantitéit an d'Motivatioun kucken. Donieft géif et Situatioune ginn, an deenen net konsuméiert soll ginn, wéi an der Schwangerschaft, am Stroosseverkéier oder beim Schaffe mat Maschinnen.

Eng Sucht wier eng medezinesch Diagnos. De Konsum kéint awer scho virdru Schued uriichten: bei der Persoun selwer, an hire Bezéiungen oder bei hire Leeschtungen am Alldag. Den Iwwergang vun enger Gewunnecht zu engem problematesche Konsum wier fir Betraffener net ëmmer einfach ze erkennen, erkläert d'Psychologin.

Sozial Medien: E Verbuet fir Jonker misst mat Educatioun begleet ginn

Och Ecranen a sozial Medien huelen ëmmer méi Plaz am Alldag an, bedauert d'Anouk Hinger. D'Problematik géif net nëmme Kanner a Jugendlecher betreffen, mee och Erwuessener. "Dat ass schonn erstaunlech, wéi vill Plaz an Zäit och déi Notzung vun deenen Ecrane gewonnen huet a jidderengem sengem Liewen. Engersäits brauche mer dat alles, fir eisen Alldag ze bewältegen. Mee wann een awer esou Zuele kuckt vun internationale Studien, den Impakt, deen et awer op d'Wuel oder d'Onwuelsinn huet, ass enorm."

Fir Kanner a Jugendlecher hält d'Direktesch vum CNAPA e Verbuet vu soziale Medie fir noutwendeg. Et géif ëm Jugendschutz goen. Och d'Bedreiwer vun de Plattforme misste méi Verantwortung iwwerhuelen a méi Kontrolle maachen. E Verbuet eleng géif awer net duergoen. Kanner missten duerch Educatioun a Begleedung op e gesonden Ëmgang mat der digitaler Welt virbereet ginn. Dës Froe stinn och am Mëttelpunkt vum Resilienzforum vum CNAPA e Freideg am Kader vun den Semaines de la santé mentale.

Betraffener uschwätzen, ouni ze jugéieren

Wann ee sech ëm de Konsum vun enger Persoun aus der Famill oder dem Frëndeskrees Suerge mécht, sollt een dat uschwätzen, réit d'Psychologin. Et géif net drëms goen, selwer eng Diagnos ze stellen, mee déi Verhalensweisen unzeschwätzen, déi engem Suerge maachen.

Dobäi wiere Respekt a Wäertschätzung wichteg. Et sollt een nolauschteren, am Kontakt bleiwen an Ënnerstëtzung ubidden. Wann néideg, kéint een och zesumme mat der betraffener Persoun Kontakt mat engem spezialiséierte Service ophuelen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO