
D'Fra kritt zanter e Méinden dofir de Prozess gemaach, wéinst versichtem Mord. D'Affer huet erkläert, no der Dot 16 Deeg op der Intensivstatioun, zwou Wochen am Häerzzenter an 3 Wochen an der Reha gewiescht ze sinn.
Hien hätt d'Fra sengerzäit zu Useldeng an der Therapie kennegeléiert; eng Zäitchen dono wäre si eng Koppel ginn. An där wär et op Grond vum Alkohol mol zu Sträit komm, mä hien hätt si ni geschloen, héchstens eng Kéier ewechgestouss, ma dat wär jo kee Grond, fir e Messer ze huelen.
Wat den Dag vun der Dot ugeet, wär hien no der Aarbecht heemkomm, sou de Mann; wéi hien eng Drëppefläsch fonnt hätt, wär hie mam Hond spadséiere gaangen. Hie goung bei eng aner Fra an hätt, wéi hien heemkoum a vun der Beschëllegter gefrot gouf, ob hie bei där Fra war, gelunn an Nee gesot. Si hätte gestridden an d'Fra op eemol gesot, si géif hien am léifste mat engem Messer an de Réck picken. Well hie sech dat net virstelle konnt, hätt hie geäntwert: „Firwat da vun hannen? Da komm vu vir!“ Dunn hätt hien d'Messer schonn an d'Broscht kritt an der Fra nach gesot, si sollt d'Ambulanz ruffen, wat déi och gemaach hätt. An deem Kontext huet de Me Knaff, Affekot vum Mann, Schuedenersatz an Héicht vun 130.000 € gefrot oder awer eng Expertise.
Virum Affer war e Bekannte vun der Fra gehéiert ginn, deen eng knapp Stonn virun der Dot mat hir um Telefon war. Si hätt hien dee Moment gefrot, ob hie mat hir kéint kommen, nom Mann sichen; si hätt gehofft, dass deen „näischt mam Hond mécht, soss huelen ech e Messer a picken en!“ Mat där Ausso hat de Vertrieder vum Parquet e Problem: Bei der Police hätt de Mann nämlech deklaréiert, dass d'Fra d'Affer hätt wëlle picken, wann dat agressiv gi wär. Den Zeien hat iwwregens net d'Gefill, dass d'Fra gedronk hat, mä méi, dass si opgedréint war.
Dëse Prozess dierft ofgeschloss ginn.
