D'nächst Woch nämlech klëmmt dëse Chiffer op 65.000 Tester d'Woch, wou dann och aner Leit an der Populatioun d'Invitatioun mam Coupon kréien. Vu Juni u sollen dann d'Capacitéite prett sinn, fir bis zu 20.000 Tester den Dag ze maachen. Den Ulf Nehrbass, CEO vum Luxembourg Institute of Health: „Et geet elo drëms, Ofleef ze testen, a fir sécher ze goen, datt d'IT-Systemer, déi involvéiert sinn, korrekt funktionéieren. Et ass kloer, datt elo emol als éischt alles duerch eng Proufzäit muss. An dat geschitt elo déi nächst Deeg wou eng 1.500 Tester gemaach ginn, fir ze kucken, ob den IT-System robust genuch ass.“
Och d'Prozedure bei der Auswäertung vum Test solle sech änneren. D'Capacitéite vum bis ewell gréisste Labo gi weider mat och externen Déngschtleeschter ausgebaut.
Den Ulf Nehrbass, CEO vum Luxembourg Institute of Health: „Et kann een d'Produktioun weider erhéijen andeems ee bis zu 4 Tester gläichzäiteg moosst. Dat nennt sech „pooling“. Et ass natierlech kloer, datt wann d'Prevalenz kleng ass, also am Prinzip net vill Leit huet déi positiv sinn, datt een duerch dës „pooling“-Methode méi effektiv gëtt, ouns datt ee u Sensitivitéit verléiert. Dat gouf bewisen.“
Wann esou eng Gruppéierung vun Tester da positiv sollt zeréckkommen, ginn dës nach eng kéier individuell getest. Déi 17 Statioune fir sech testen ze loossen, solle spéitstens d'nächst Woch fäerdeg ginn.
Déi aktuell 4 Centres de soins avancés zu Lëtzebuerg solle weider bestoe bleiwe fir Leit, déi Symptomer weisen a vum Dokter eng Ordonnance kréien. Si kënnen da weiderhin do getest ginn.
De sougenannte „large-scale testing“ géif probéieren, e Groussdeel vun den asymptomatesche Leit aus dem Verkéier ze huelen. Där géifen et schätzungsweis 1.500 zu Lëtzebuerg ginn.
Den Ulf Nehrbass: „Datt mer déi 1.500 Leit aus der Verkéier huelen an datt déi net méi ustiechend kënne sinn. Et wäert der natierlech ëmmer nach ginn, déi positiv sinn an déi aner Leit ustiechen, ma déi kënne mer dann iwwert de Kontakt-Tracing nosichen an och préiwen.“
Eng Mesure, fir déi besser Konditiounen am Deconfinement och weider kënnen ze garantéieren, esou den LIH.
