No Aarbechtsaccident zu ZolwerLiewensgeféierlech blesséierten Aarbechter e Sonndeg gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Deen Ongléckleche war d'lescht Woch mat sengem Ënnerleif an eng Maschinn geroden.
© RTL

An der Industriezon Gadderscheier zu Zolwer war en Dënschdeg, 6. Januar en Aarbechter an engem Betrib liewensgeféierlech blesséiert ginn. Hie war mat sengem Ënnerleif an enger Maschinn ageklemmt ginn. No Éischt-Hëllef-Moossnamen op der Plaz gouf den 49 Joer ale Mann mat schwéiere Blessuren an d’Klinik bruecht.

E Méindeg, 12. Januar huet d’Police du matgedeelt, datt dee Blesséierten den 11. Januar am Spidol gestuerwe wier.

D’Spueresécherung vun der Police an d’Gewerbeinspektioun waren op d’Plaz geruff ginn, d’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO