Vum 5. bis den 11. JuliAn de Schoule sinn d'Corona-Zuelen déi zweet Woch hannerteneen eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem Communiqué vum Educatiounsministère ervirgeet, ass d'Zuel u Corona-Fäll an de Schoulen op en Neits geklommen.

An der Woch vum 5. bis den 11. Juli goufen et am Ganzen 226 Corona-Fäll an de Schoulen a Lycéeën zu Lëtzebuerg. Déi Woch virdru waren et der 165.

Vun allen Infektioune ginn der 164 dem Zenario 1 zougeuerdent, dat heescht, dass et 1 positive Fall an enger Klass gouf an de Virus sech net weider bannent der Schoul verbreet huet. Betraff ware 46 Grondschoulen, 35 Lycéeën.

36 Fäll waren et am Zenario 2, dat an 10 Grondschoulen an 11 Lycéeën.

Am Zenario 3 gouf et 26 Fäll, dat a 4 Grondschoul an an 8 Lycéeën. Dësen Zenario bedeit, datt bannent enger Klass 3 bis 5 Infektioune registréiert goufen.

Am Zenario 4 gouf et keng Fäll, dat heescht, dass et bannent kenger Schoul e Cluster gouf.
Am Ganze waren 28 Leit vum Personal infizéiert.

PDF: Schreiwes Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO