Vun dësem Méindeg unAn de Lycéeë leeft eng gréisser Impf-Campagne un

RTL Lëtzebuerg
Eng 90% vun den Enseignanten a 55% vun de Schüler iwwer 12 Joer si geimpft, ma et hofft een deen Taux weider an d’Luucht gesat ze kréien.
© RTL-Archiv

Den Educatiounsministère huet dofir mat der Santé an dem Haut-Commissariat à la protection nationale eng Campagne lancéiert, wou mat de Lycéeën zesummegeschafft gëtt, an déi Jonk d’Méiglechkeet kréien, sech an der Schoul impfen ze loossen.

Dat ganzt leeft bis de 29. Oktober.

Op verschidde Plaze kritt een eng Sprëtz direkt am Lycée, op anere gi Busser an en Impfzenter organiséiert. Mobil Ekippe maachen dëse Méindeg beispillsweis den Optakt an de Lycéeën zu Wolz, Klierf a Réiden.

© men.public.lu

PDF: Wéini gëtt wou geimpft?

Back to Top
CIM LOGO