Aarbechtsminister Marc Spautz"Amazon hält sech op d'mannst an engem Punkt net un d’Aarbechtsgesetz"

Michèle Sinner
Diana Hoffmann
Dat betrëfft de Regëster fir d’Iwwerstonnen. Datt sech den Internetris do misst konform setzen, krut Amazon scho bei enger Reunioun um Ministère gesot.
© RTL

Wéinst méigleche Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht hunn aacht Mataarbechter vun Amazon bei der Inspection du travail et des mines, der ITM, eng Plainte agereecht. Eng Enquête géif lafen, sot den Aarbechtsminister Marc Spautz an der Aarbechtskommissioun an der Chamber.

Souwäit bekannt dréine sech d'Plainten ëm verschidde Reprochen. Ënner anerem ëm d'Iwwerschreide vun der maximaler Wochenaarbechtszäit an ëm d'Aarbecht op Feierdeeg, ouni datt déi gesetzlech virgesinn Zouschléi ausbezuelt géife ginn.

De Minister huet betount, datt et schonn éischt Gespréicher mat Amazon am Kader vum Sujet vun de Sozialpläng gouf. Fir de Konzern géif dat selwecht Aarbechtsrecht gëllen, wéi fir all anere Betrib och, sot de Marc Spautz.

"D'ITM ass amgaangen, eng Enquête op deene jeeweilege Punkten ze maachen. Et gëtt op alle Fall kee Register, fir Iwwerstonnen ze notéieren, wéi et am Lëtzebuerger Aarbechtsrecht virgesinn ass. Dofir huet de Konzern och gesot kritt, wéi si wéinst engem anere Sujet am Ministère waren, datt ee sech do soll konforméieren."

De Gary Diderich vun déi Lénk, déi de Sujet op den Ordre du jour vun der Kommissioun setze gelooss hunn, begréisst, dass d'Gréisst vun Amazon bei der Behandlung vum Dossier keng Roll spille soll. Hie stellt sech awer Froen:

"Dass en Employeur kann nach ni en Aarbechtszäitregister gehat hunn. En Employeur, deen awer iwwer 4.000 Employéeën huet an domat awer esou laang duerchkënnt. Dat ass fir eis net ze akzeptéieren. Mir hoffen, dass dat domat en Enn wäert hunn.“

Dass fir all Employeur déi selwecht Reegele musse gëllen, ënnersträicht och de Georges Engel vun der LSAP.

"Egal wéi grouss en ass, egal wéi vill Muecht dass se hunn, an egal wéi vill Suen dass se hannert sech hunn.“

De Minister wëllt nach virun de Feierdeeg mat weideren Informatiounen an d'Kommissioun zeréckkommen. Och déi Gréng hunn nach Froen.

D'Deputéiert Djuna Bernard: "Et bleiwe sécher nach eng ganz Partie oppe Froen systeemescher Natur par Rapport zu Amazon, awer och Froen, déi mir eis nach par Rapport zur Adaptatioun vu verschiddene Gesetzer musse stellen.“

Déi éischt vun den aacht Plaintë géint Amazon sollen da schonn op d’mannst 2024 agereecht gi sinn. Déi lescht eréischt d'lescht Woch.

Back to Top
CIM LOGO