
Hei huet ee Reschter vu Kokain an e puer Gramm Haschisch beim Mann fonnt. Weider huet een och erausfonnt, datt géint de Mann u sech en Areesverbuet virlouch.
Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.
Rebellioun géint Polizisten
En Donneschdeg den Owend huet eng Gruppéierung vu Leit an der Grand-Rue zu Ettelbréck géint d'Covid-Reegele verstouss, e puer vun hinnen hu gestridden. Wéi d'Police intervenéiert ass, ass eng Persoun hafteg ginn an huet géint d'Poliziste rebelléiert. Well se an deem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an och Drëttpersounen duergestallt huet, koum se a Passage-Arrest. Am ganze goufe 4 Leit protokolléiert, well se d'Corona-Mesuren net respektéiert hunn.
Weiblech Passante belästegt
E Freideg de Moie géint 9.30 Auer gouf de Beamten am Garer Quartier eng Persoun gemellt, déi ze déif an d'Glas gekuckt hat a Passantinne belästegt huet. Och dës Persoun koum a Passage-Arrest.