
Zwee Méint Prisong mat Sursis probatoire, woubäi d'Oplo an der Behandlung vu sengem sexuelle Problem besteet.
Dozou gouf um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht e Mann verurteelt, dee sech wéinst „Outrage public aux bonnes moeurs“ hat misse veräntweren.
Dobäi kënnt nach eng Geldstrof vu 500 €. Am Februar hat hie moies fréi an engem Zuch („gutt voll“, wéi hie gesot hat) a Presenz vun zwou Frae masturbéiert.