CGDISAm Stolwierk vun ArcelorMittal zu Déifferdeng huet et gebrannt
Géint 21.50 Auer krut de CGDIS d'Feier gemellt, an d'Läschaarbechte vun den 48 Pompjeeën déi am Asaz waren, hu sech bis 1 Auer an d'Nuecht gezunn.
En Depot wou Gummi a Stol gelagert waren, hat geflaamt.
Blesséiert gouf keen, an d'Waasserwirtschaftsamt krut Bescheed gesot, fir de Risk vun enger eventueller Verkmaschtung duerch dat gebrauchte Läschwaasser ze evaluéieren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
PDF: Pressecommuniqué