AccidenterAm Lokale mellt de CGDIS 3 Liicht-Blesséierter vun eisen Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Op der Diddelenger Autobunn krute sech kuerz no 23 Auer en Donneschdeg den Owend e Bus an en Auto ze paken. Dobäi gouf et zwee Blesséierter.

D'Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Beetebuerg.

Tëscht dem Findel an dem Neiduerf war kuerz no Hallefnuecht en Automobilist vun der Strooss ofkomm, an an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf liicht blesséiert a mat der Stater Ambulanz an d'Spidol bruecht. D'Pompjeeë vu Sandweiler waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO