Wäilies a Klimawandel"Als Wënzer gëllt et ëmzedenken"

Christophe Hochard
Och d'Wënzer kréien de Klimachangement ze spieren. D'Wäilies muss doduercher éischter ufänken.
Wäilies a Klimawandel: "Als Wënzer gëllt et ëmzedenken"
Och d'Wënzer kréien de Klimachangement ze spieren. D'Wäilies muss doduercher éischter ufänken.

2018 hunn d'Drauwen schonn Enn August misse gelies ginn. Och 2019 ass een éischter an d'Wéngerten gaangen, fir ënnert dem Stréch manner Ertrag ze hunn.

Op hirem Neijoerschpatt hunn d'Privatwënzer mat hirem Minister, dem Romain Schneider, iwwer Probleemer a méiglech Léisungen diskutéiert.

D'Miseler Regioun op engem Januar am Nomëtteg. Et ass roueg a mat der Touristesaison net ze vergläichen. D'Wéngerte leien an enger Zort Wanterschlof. An awer profitéieren d'Wënzer vun de mëllen Temperaturen, fir un de Riewen schonn de Schnatt ze maachen.

Déi leschten zwee Joer waren wiedertechnesch awer alles anescht ewéi einfach fir d'Wënzer. D'Wiederkapriolen hunn hinnen dobäi keen Déngscht geleescht. Ze naass, ze dréchen an dann d'Hëtzt déi leschte Summer net favorabel war.

Iwwer 50 Privatwënzer ginn et den Ament nach op der Lëtzebuerger Musel. Et wären nach vill jonk Leit an de Betriber an och an de Schoulen ënnerwee. Fir Nowuess wär also gesuergt. Sou heescht et. D'Qualitéit vum Wäin ass weiderhin ganz héich, ma d'Quantitéit hëlt of. Hei ginn et dohier Hëllefe vum Agrarministère.

Bis ewell gouf et nach keng nuets mat Temperaturen bis 7 Grad ënner Null. An anere Wierder, de Risiko besteet, dass an Zukunft keen Äiswäin méi wäert gelies ginn.

Back to Top
CIM LOGO