Et ass en aussergewéinlecht Joer. Mir hu sou vill Léierplaze wéi nach ni. Zwou oppe Léierplaze pro Apprenti, esou datt all Dëppe misst säin Deckel fannen. Dat sot den Dan Schroeder, eisen Invité vun der Redaktioun, en Donneschdeg de Moien um RTL Job- a Léierplazendag. Am Beräich vun den Aide-soignantë gesäit et awer ganz anescht aus. Grad an engem Secteur, wou zanter Joren e Mangel un ausgebilte Leit ass.
D'Salma Said schafft zanter dräi Joer hei am Restaurant am Service. Si huet als Studentin ugefaangen an ass elo Vollzäit hei. Hiren Dramberuff ass awer eigentlech ee ganz aneren. Si wëll Aide-soignante ginn. Mat 15 Joer ass si aus dem Tansania op Lëtzebuerg geflücht. Dat éischt Joer hei huet si Franséisch geléiert an elo och mam Lëtzebuergeschen ugefaangen. Dëst Joer wollt si een Apprentissage pour adultes maachen. An d'Schoul ka si just goen, wa si awer och ee Patron huet. Vun der Adem huet si een Agrement, si ass 18 Joer al an huet och scho mat diverse Stagen Erfarung am Beruff gesammelt. Elo feelt eigentlech just nach eng Léierplaz. A grad déi ass awer begrenzt. 60 Plaze gi vun der Adem ugebueden. Dëst Joer sichen awer 100 Leit eng Plaz.
Dobäi gi grad am Fleegesecteur ëmmer nei Leit gesicht. Op 100 ausgeschriwwe Plaze komme 45 Leit a Fro. D'Salma Said huet an deem Beräich och scho Stagen zu Lëtzebuerg gemaach an an der Belsch. Do ass hir bewosst ginn, dass et genee dat ass, wat hir läit a wat si maache wëll.
Wéinst dem Schoulufank misst si bis Enn Oktober ee Patron hunn. Wann et net klappt, géif si d'nächst Joer nach eng Kéier probéieren. Den Dramberuff opginn, ass fir si keng Optioun.
Fannt hei all d'Artikelen iwwert den RTL Job- a Léierplazendag.