City Breakfast vun der Stad LëtzebuergAllerhellegen, d’Chrëschtzäit a Logement waren um Ordre du Jour

Marlène Clement
Net wéi gewinnt an d'Stater Märei, ma an de Lëtzebuerg City Museum huet de Stater Schäfferot d'Press des Kéier invitéiert.
© RTL

De Musée huet am Kader vu sengem 30. Anniversaire nämlech ee Living amenagéiert, deen zanter Kuerzem op ass, fir de breede Public, huet de d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ënnerstrach.

Ëmmer méi Leit entscheede sech fir eng Anäscherung, amplaz vun engem traditionelle Begriefnis an engem Sarg. Dat war och de Constat vun der Stad Lëtzebuerg um City Breakfast. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet en Vue vun Allerhellegen eng Partie Zuele presentéiert a vun enger gesellschaftspolitescher Evolutioun geschwat. Vun am Ganze 732 Begriefnisser zejoert sinn der 411 an engem Sarg begruewe ginn. 321 hu sech anäschere gelooss. D'Begriefnisser am Sarg maachen also nach knapp iwwer Hallschent aus. Als Verglach, am Joer 2000 waren dat nach 77 Prozent vun alle Begriefnisser. D'Stad Lëtzebuerg huet 13 Kierfechter an ee Bëschkierfecht. Iwwerall wier nach Plaz huet d'DP-Buergermeeschtesch präziséiert.

Weider goufen eng Partie Zuele presentéiert, respektiv rappeléiert, a punkto Logement, déi och schonns am Kader vun der Semaine du Logement virun zwou Woche genannt goufen. D'Terraine wieren do, mee et misst och gebaut ginn. Iwwer 2 .500 abordabel Logementer wiere minimum an de PAPe virgesinn, déi scho gestëmmt wieren.

Fir ofzeschléissen gouf et dann nach e bësse méi "liichte Kascht", wéi d'Lydie Polfer et formuléiert huet. De 7. November gëtt den traditionelle Beemchen geliwwert an op der Plëss opgeriicht, huet den CSV-Schäffe Maurice Bauer präziséiert. E soll 15 bis 17 Meter héich sinn.

D’Winterlights sinn dëst Joer vum 20. November bis den 3. Januar.

Back to Top
CIM LOGO