
An den fréie Moiesstonne vun Nationalfeierdag krut e Bauer vun Uespelt en ongewinnten Telefonsuruff. D’Police huet him zwou doudeg Kéi a senger Wiss am Agang vun Wëntreng, an der Gemeng Schengen, gemellt.
En Automobilist hat den Aussoe vum Bauer no 20 Meter Drot an eng aacht Pottoe mat ewech geholl a krut bei sengem Fuermanöver 4 Kéi ze paken. Insgesamt néng Déiere stoungen oder louchen zu där Zäit an der Wiss.
Zwou trächteg Kéi sollten net iwwerliewen. Eng Drëtt wär nach net "iwwert de Bierg". D’Police confirméiert op Nofro hin den Tëschefall, deen op Facebook fir Gespréichsstoff gesuergt huet. De Chauffer hat ze déif an d'Glas gekuckt. Hie wär beim Accident allerdéngs net blesséiert ginn, präziséiert d’Police. De Bauer schätzt säi Gesamtschued op 6.000 Euro.