
En alkoholiséiert Mann ass no engem Sträit a säin Auto geklommen a wollt fortfueren. Dobäi huet hien e Foussgänger ugestouss an huet sech dono einfach duerch d'Bascht gemaach.
De Passant gouf heibäi blesséiert a koum an d'Spidol. No der Behandlung konnt hien awer nees heemgoen.
De Mann an den Auto si bis elo net fonnt ginn. Et ass e wäissen Auto vun der Mark Chevrolet Chevy mat hollännesche Placken. Déi viischt Fënster ass beschiedegt.
E Méindeg huet d'Police matgedeelt, dass sech de Chauffer bei hinne gemellt hätt. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.