
Géint 3 Auer an der Nuecht ass en Cyclist an der Rue Zithe an der Stad géint d'Bäifuererdier vun engem stationéierten Déngschtwon gerannt. Dës gouf bei der Kollisioun liicht beschiedegt. De Vëlosfuerer ass doropshi weidergefuer, konnt awer no enger kuerzer Verfolgungsjuegd ageholl an op der Paräisser Plaz gestoppt ginn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Permis war op der Plaz fort an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.
Zu Hollerech ass der Police e Gefier opgefall, dat däitlech ze séier vum Salzhaff an d'Route Esch gefuer ass. Eréischt an der Avenue Marie-Thérèse ass den Automobilist stoe bliwwen, wéi hien op d'Bloliicht an d'Sireenen opmierksam ginn ass. Och hei ass den Alkoholtest positiv verlaf. De Permis gouf agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Um Terrain vun enger Bensinsstatioun zu Monnerech krut eng Automobilistin en anert Gefier liicht ze paken. Wéi sech sur place erausgestallt huet, gouf den erlaabten Héchstwäert un Alkohol iwwerschratt. D'Fra huet hire Fürerschäi missen ofginn a krut e provisorescht Fuerverbuet.