Stad LëtzebuergAlkoholiséierte Mann zitt Messer bei Streit a kënnt an Arrest

RTL Lëtzebuerg
Der Police war um kuerz no 7 e Mëttwoch den Owend eng verbal Ausernanersetzung gemellt ginn.
© RTL Archiv

2 Männer hate sech an engem Café an der Stroossbuerger Strooss gestridden, ee vun de Männer huet dobäi e Messer ausgepaakt, ma et wier awer just beim verbale Sträit bliwwen.

Wéi d'Police-Beamten ukomm sinn, gouf de Mann nach op der Plaz duerchsicht an e Messer gouf effektiv fonnt. Well de Mann wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an déi aner duergestallt huet, koum hien an Arrest. Déi aner Persoun hat de Café schonn zu deem Zäitpunkt verlooss.

An der Avenue Charles de Gaulle an der Stad war e Mëttwoch den Owend eng Fra vun enger onbekannter Persoun geschloen a beklaut ginn.  D'Fra gouf dobäi och menacéiert a beleidegt. De Mann, deen um Vëlo geflücht war, konnt an der Rue de la Paix vun der Police ugehale ginn. De geklauten Handy an eng Waff konnte bei der Kontroll fonnt ginn. Géint de Mann gouf eng Plainte gemaach.

Op der Gare an der Stad huet dann e Mann, deen a Begleedung vun enger Fra war, en anere Passant geschloen, dat nodeems dësen de Mann beleidegt hat.  E Sécherheetsbeamten, deen op der Gare opgepasst huet, konnt de gewalttätege Mann immobiliséieren, bis d'Police op der Plaz war. An där Zäit gouf de Beamten awer vun der Begleedung vum Mann attackéiert an an d'Gesiicht geschloen. Et huet sech erausgestallt, dass d'Koppel kuerz virdrun op der Place de la Gare vun enger Grupp jonke Männer attackéiert goufen. D'Fra, déi sech net berouege konnt, koum an Arrest. A béide Fäll goufe Plainte gemaach. De Sécherheetsbeamte gouf am Gesiicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO