
Op der Plaz gouf festgestallt, dass de Mann Alkohol consomméiert hat. Well hien eng Gefor fir sech an Drëttpersounen duergestallt huet, huet hien d'Nuecht missen am Passage-Arrest verbréngen.
E weidere Policeasaz gouf et e Mëttwoch am Nomëtteg, wéi en Automobilist op der Héicht vun der Kräizung Bld de la Petrusse/Rue de Prague de Beamten d'Virfaart geholl hat. Doropshi gouf hie vun der Police kontrolléiert. Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffer ënner Drogenafloss an trotz Fuerverbuet ënnerwee. Donieft hat hie 27 Gramm Marihuana bei sech. D'Droge goufen saiséiert.