Avenue John F. KennedyAlkoholiséierte Chauffeur rappt Bam mat Auto mat

RTL Lëtzebuerg
De Chauffeur war géint 2 Auer op der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg vun der Strooss ofkomm.
© Police

Dono krut hien e Schëld ze paken, iert hien dunn e Bam mat sengem Won matgerappt huet. Eréischt wéi hien an en 2. Bam gerannt ass, koum hien zum Stoen. Wéi sou dacks, ass de Chauffeur och hei net blesséiert ginn, ma den Alkohol-Test war awer positiv. De Permis war de Chauffeur lass.

Zu Déifferdeng gouf dann en Donneschdeg um kuerz no 21 Auer e Foussgänger ugestouss a blesséiert a koum no enger 1. Behandlung an d'Spidol. De Chauffeur selwer war alkoholiséiert, ma dat ënner dem Taux vun 1,2%.

Méi Alkohol am Blutt hat e Chauffeur zu Contern, deen an der rue de Syren e Luuchtepotto ze pake krut an einfach weider gefuer ass. Zu Fréiseng gouf de Mann ugehalen, säin Alkoholpeegel war esou héich, dass de Permis direkt fort war.

An der Stad dann war en Autofuerer mat 84 km/h gemooss ginn a gouf gestoppt. Bei der Kontroll krut de Mann da wéinst engem ze héijen Alkoholtaux de Permis ofgeholl.

2 weider Permise goufen dann nach zu Esch an an der Stad agezunn, dat all Kéiers well d'Chauffeure wéinst hirem Verhalen opgefall sinn. Spéider huet sech dann all Kéiers erausgestallt, dass den Alkoholtaux iwwerschratt gouf.

Back to Top
CIM LOGO